Sélectionnez votre langue

FrSKY OpenTX Sender Update

Plus d'informations
il y a 3 ans 2 mois - il y a 3 ans 1 semaine #64 par MaxPitch
Salut Alleguer,

Et ass eng nei Versioun 2.3.11 vun OpenTX eraus. Hei eng kleng Hëllef wéi een den Update vun enger FrSKY X-Lite S/Pro mécht.

1. Op OpenTX Websäit ( Welcome to OpenTX (open-tx.org) ) goen a kucken ob een Update eraus ass. Normalerweis misst den OpenTX Companion Programm annoncéieren wann eng nei Versioun eraus ass an proposéieren déi erofzelueden.
Bei News steet als éischt déi neiste Versioun.
  

2. Op déi neiste Versioun klicken an duerno ganz erof bis bei "Download Links" scrollen.
  • Do muss een op allefall "SDCard content" eroflueden.
  • An, am Fall wou een den neisten Companion nach net huet, kann een deen och eroflueden fir Windows, Mac oder Linux 
 

3. Op sengem Sender kann een kucken wat fir eng Versioun een installéiert huet. Dofir op der XLite de klengen Joystick no lénks gedréckt halen bis de Menü kënnt an duerno op d'Säit 7 goen. Hei gesäit een dass eréischt d'Versioun 2.3.10 installéiert ass. Also kënne mir den Update maachen.

 

4. Den Companion installéieren a starten.

5. Wann een nach keen Radio Profil huet muss een deen astellen (Einstellungen/ Radio Profiles). Bei mir hunn ech Folgendes stoen: 

 
!Opgepasst mat dem "SD Verzeichnis Pfad". Hei muss een deen uginn wou een duerno seng SDCard Datei unzippt déi mir virdrun erofgelueden hunn.

 

 

6. De Fichier sdcard-128x64-2.3V0035.zip an de Folder SDCARD unzippen deen een virdrun ënner de Sendereinstellungen aginn huet. De Contenu gesäit esou aus:

 

7. Den Sender ausschalten an un de Computer mam USB Kabel stiechen.

8. Am Companion am Menü op "Lesen/Schreiben - Schreibe Firmware in den Sender" klicken.

 
  Op "Schreibe in Sender" klicken

9. Am Fall wou een eng Feelermeldung wéi déi hei kritt, dann muss een de Programm "ImpulseRC DRIVER FIXER eroflueden an Installéieren  ( impulserc.com/pages/downloads )

      

   Duerno de Programm lafe loossen bis en DFU installéiert gouf.

10. Wann den Update klappt dann gesäit een folgendes:

   

11. Duerno den USB Kabel lass klemmen an de Sender umaachen. Et kritt een folgende Message wëll mir eng aal SD Kaart hunn. Einfach op ee Knäppchen drécken.
 
  

12. Den USB Kabel erëm uklemmen (SD uwielen) an am Companion op "Synchronisiere mit SD Karte" klicken.
 
   

  Dat dauert eng Zäitchen bis alles synchroniséiert ass.

13. De Sender vum USB lassklemmen an ausschalten an erëm uschalten.
 
 
Den Update ass fäerdeg! Bravo!

Um Youtube gëtt et och ee Film wou et och gutt erklärt ass:
  
Dernière édition: il y a 3 ans 1 semaine par MaxPitch.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Germain

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.349 secondes
Propulsé par Kunena