Sprache auswählen

Spirit Geolink Setup - Position Hold and Return Home

Spirit Geolink Setup - Position Hold and Return Home

1 Jahr 3 Monate her - 8 Monate 2 Wochen her
#85
Beim Filmer kucken an Doku liesen hunn ech de folgenden Setup fir den Spirit Geolink geholl:

Alles op den 3-Punkt Schalter SJ op der Jeti DC-24 an de Kanal 9 an Kanal 10 beluecht.

 
  • Schalter no ënnen (erof): Alles aus
  • Schalter an der Mëtt: Position hold = Positioun an Héicht haalen
  • Schalter no uewen (erop): Return to Home
 

Position Hold
Mäin Position Hold ass op Kanal 9 an ech hunn eng 3 Punkt Kurv mat - 52% ;  +100%  ; - 52% agestallt.

 

Am Spirit hunn ech déi 2 Fonktiounen "Geo-Link Position Halten" an "Geo-Link Höhe Halten" op de Kanal 9 gesat.

 

Wann de Schalter an der Mëtt steet dann sinn béid am Zoustand (1). Dat heescht et kann een nach mam Pitch Korrekturen maachen!

 

Return to Home
Mäin Return to Home ass op Kanal 10 (um selwechte Schalter) an ech hunn eng 3 Punkt Kurv mat  0 % ;  0%  ; + 45% agestallt.

 

Wann de Schalter erop steet dann ass den Return to Home am Zoustand (4). Dat heescht eden Heli kënnt op de Punkt zréck wou een gestart an ofgehuewen ass.
En bleiwt awer op der Héicht déi een uginn huet stoen. Dovir hunn ech den Posittion Hold op de selwechte Schalter gesat. Wann een deen on d'Mëtt setzt dann kann een den Heli stationär mam Pitch erofkomme loossen.

 

Hei mäin Setup vum Geo-link:

 

Nei Parameteren: 80% Horizontal , 75% Vertikal
Letzte Änderung: 8 Monate 2 Wochen her von MaxPitch. Begründung: New Setup

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.217 Sekunden
Powered by Kunena Forum